« 1847-1858: D’Emigratiounswell vun de Miseler», eng Konferenz presentéiert vun der Historikerin Caroline Resch am Musée « A Possen »
D’Historikerin Caroline Resch ënnersicht an hirer Fuerschungsaarbecht d’Emigratiounswelle vum 19. Joerhonnert, déi – opgrond vu Schwieregkeeten, wéi beispillsweis schlechte Recolten, Hongersnout, héije Steieren an Aarmut – vill Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen ab 1830 dozou verleet hunn, hiert Heemechtsland ze verloossen a sech am Ausland, virun allem a Südamerika an an den USA, op d’Sich no engem bessere Liewen ze maachen.
An hirer Fuerschungsaarbecht konzentréiert sech d’Caroline Resch op d’Emigratioun aus dem Museldall, wou besonnesch d’Uewermuselregioun, mat hire Gemenge Wuermer, Stadbriedemes, Bous, Réimech a Schengen, vun enger reegelrechter Emigratiounsepidemie charakteriséiert war. Mëttels enger minutiéiser Analyse vun Archiven an enger mikrohistorescher Approche wäert d’Historikerin d’Reesen an d’Liewe vu verschiddene Migrantefamillje beliichten, vun deenen der vill zu Pionéier an hiren neien amerikanesche Communautéite sollte ginn, ouni de Lien zu de lëtzebuergesche Wuerzelen ze verléieren, wat sech ënner anerem un de Bestietnesser tëscht Nokomme vu Migranten:innen illustréiere léisst.
Un d’Konferenz schléisst sech e Frëndschaftspatt un.
Eng Reservatioun fir d’Konferenz ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.
- Horaire
- 6 octobre 2024 // 15h00
- Lieu
- Musée « A Possen », 2, Keeseschgässel, L-5405 Bech-Kleinmacher
- Type de projet
- Konferenz
- Langue(s)
- Luxembourgeois
- Producteur/porteur du projet
- Musée « A Possen »
- Partenaire(s) du projet
- Caroline Resch
- Contact
- info@musee-possen.lu
(+352) 23 69 73 53
www.musee-possen.lu