D’Kleesercherstraditioun op der Musel
Den Niklos hat schonns ëmmer eng besonnesch Roll op der Musel, waren d’Leit dach de Laune vum Floss ausgesat an hunn dofir op ee Patréiner gesat, deen sech schonns zu senge Liefzäiten ëmmer fir d’Leit beim an um Waasser agesat huet. Ganz besonnesch d’Schëffersleit hunn sech ënner säi Schutz gestalt. An der Kleesercherstraditioun kënnt hien all Joer mam Schëff bei d’Kanner.
Den Deche Claude Bache werft e Bléck op den historesche Personnage an e puer vu senge Leegenden, de Lokalhistoriker Ben Ferring geet op d’Kleesercherstraditioun iwwert d’Zäit op der Musel an a féiert duerch d’Kierch mat hirem wäertvolle Mobilier, déi um Enn vum 18. Jh am barocke Stil gebaut gouf.
D’Chorale Municipale Museldall suergt fir de passende musikaleschen Encadrement.
Treffpunkt op der „Spatz“ bei der Bréck, dono geet et an d’Bëlleger Kierch. (Distanz 400 m)
Info: info@ewb.lu
Manifestation gratuite
- Horaire
- 1 Oktober 2023 // 16h00-17h30
- Lieu
- Wasserbillig, lieu-dit op der Spatz et église St. Martin, coin Grand-Rue/rte d'Echternach
- Type de projet
- Visite-conférence
- Langue(s)
- Luxembourgeois
- Producteur/porteur du projet
- ErwuesseBildung asbl
- Partenaire(s) du projet
- Par Musel a Syr Saint-Jacques, Chorale municipale Museldall Waasserbëlleg
- Contact
- info@ewb.lu
(+352) 44 743 340
www.ewb.lu