Formatioun zum Thema Kleeschen
Passend zur Woch vum immaterielle Kulturierwe fënnt eng Formatioun an der Erwuessebildung statt, déi sech u jidderee riicht, deen sech fir dat immateriellt Kulturierwe vum «Niklosdag» interesséiert, sech zu dem Thema weiderbilde wëll a wësse wëll ewéi een eng Niklosdagsfeier organiséiere kann. Participante vum Cour kréien ee fundéiert historescht Hannergrondwëssen zum Thema „Kleeschen“ souwéi Strategië vermëttelt ewéi een dat erléiert Wëssen un Kanner mat engem anere kulturellen Hannergrond weider ka ginn. Zum Schluss vum Cours wësse Participante wéi een eng kulturgerecht Kleeserchersfeier an hire Raimlechkeeten organiséiert.
De Cours bitt eng Villzuel vun Aktivitéiten, Workshops a Gruppenaarbechten, déi Participanten aktiv matabezéit.
Formteuren: Leslie Fischbach, Laure Simon
Inscription: info@ewb.lu
Manifestation gratuite
- Horaire
- 26 September 2023 // 14h00-17h00
- Lieu
- ErwuesseBildung, 5 avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg, Salle 1
- Type de projet
- Formation
- Langue(s)
- Luxembourgeois
- Producteur/porteur du projet
- ErwuesseBildung asbl
- Contact
- info@ewb.lu
(+352) 44 743 340
www.ewb.lu