Geféiert Wanderung duerch d’Bongerten
Déi geféiert Wanderung duerch d’Bongerten vermëttelt de Leit de Wandel vun de Bongerten vu fréiher bis haut. Waren d’Bongerten fréiher enorm wichteg fir d’Versuergung vun der Bevölkerung mat Uebst, ass hir Bedeitung no der Aféierung vum Plantagenuebst ëmmer méi zeréckgaang. Trotzdem sinn d’Bongerten och haut nach een wichtegen Deel vun eiser Kulturlandschaft. Während der Wanderung ginn Aspekter wéi d’Notzung vum Bongertenuebst, den aktuellen Zoustand vun den Uebsbeem an der Regioun an d’Charakteristiken vu verschiddenen Uebstzorten thematiséiert.
D’Umeldung ass obligatoresch: jill.lucas@naturpark-mellerdall.lu (Max. 15 Persounen).
Manifestation gratuite
- Horaire
- 23 septembre 2023 // 9h30
- Lieu
- 53, rue d'Echternach, Berdorf
- Type de projet
- Visite guidée
- Langue(s)
- Luxembourgeois
- Producteur/porteur du projet
- Natur- & Geopark Mëllerdall
- Contact
- Lucas, Jill
jill.lucas@naturpark-mellerdall.lu
www.naturpark-mellerdall.lu