GLÜCK AUF! Visitt erof op -42 Meter duerch déi fréier Schiferkummere vun der Grouf „Johanna“
De Schifermusée vun Uewermaartel ass em eng Attraktioun méi räich: nieft dem eenzegaartegen Architekturensemble um Site vun de fréiere Leekollen, ass et dem Visiteur elo méiglech och ee Bléck an déi beandrockend Kummere vum ënnerierdesche Schiferofbau an der nei zougänglecher Grouf „Johanna“ ze werfen.
No 90 Minutte bei konstanten 9 Grad an insgesamt 375 Träppleke bis op eng Déift vun -42 Meter an zeréck, kritt ee bei dëser spezieller Visitt am Kader vun de „Journées européennes du Patrimoine 2022“ e puer interessant Informatiounen iwwert d’Chantiersphase vun dësem aussergewéinleche Projet, dee vum Institut national pour le patrimoine architectural als Bauhär geréiert gouf.
Ausserdeem kritt een duerch eng modern Beliichtung an audiovisuell Projektiounen een Androck vum Schiferofbau a senge gewaltegen Ausmoossen ëm 1900, wéi vum Liewe vum Leekëppert.
--- nombre maximum de visiteurs atteint ---
Jackett a fest Schong si bei all Wieder obligatoresch! D’Visiteuren si gebiede 30 Minutte virun der Visitt um Site sinn.
Samschdes, den 1. Oktober 2022
- Visitt: 10h15
- Visitt: 13h30
- Visitt: 16h30
Sonndes, den 2. Oktober 2022
- Visitt: 10h15
- Visitt: 13h30
- Visitt: 16h30
- Horaire
- 1.+2. Oktober 10h15, 13h30, 16h30 (Dauer: 90 Minutten)
- Lieu
- Musée de l'Ardoise, L-8823 Haut-Martelange
- Type de projet
- Visites guidées
- Langue(s)
- Luxembourgeois
- Producteur/porteur du projet
- Institut national pour le patrimoine architectural (INPA)
- Partenaire(s) du projet
- Musée de l'Ardoise
- Contact
- info@ardoise.lu
Musée de l’Ardoise - Ticketshop: www.ardoise.lu