Gréiwemaacher: E Bléck op den „Huelen Zant“

25 septembre 2021 - 2 octobre 2021

De “Mënschecker Tur”, genannt “Huelen Zant“, e wichtegen Zeien aus der Stadmauer ronderëm Gréiwemaacher, zënter 1985 Nationalmonument, gouf 2002 fir d’750-Joerfeier vum Fräiheetsbréif fachmännesch restauréiert. An dësem Ecktur gëtt ee vill iwwer déi geschichtsträchteg Vergaangenheet vun der Muselmetropol gewuer. Och op engem Spadséiergank ronderëm den Tur – an duerch e geheime Schloff zréck an d’Stiedchen – souwéi bis an de Park vum HPPA, kritt een,en Abléck an d’Geschicht vun enger Uertschaft, déi scho fréi eng wichteg Roll fir d’Lëtzebuerger Grofenhaus gespillt huet, well “Grevenmacher” huet jo och emol net fir näischt “Grafenmacher” geheescht…

Informations et inscription obligatoire: (+352) 75 03 11-1, reception@grevenmacher.lu

Places limitées en fonction des mesures sanitaires en vigueur le jour des visites et manifestations. Les conditions de participation exigent le respect des mesures sanitaires mises en place par le Gouvernement.

Horaire
25 septembre 2021 16h00-16h45
2 octobre 2021 16h00-16h45
Lieu
Mënschecker Tur („Huelen Zant“) uewen an der „Réngmauerstrooss“ („rue des Remparts“), Gréiwemaacher
Type de projet
Visite guidée
Langue(s)
Luxembourgeois
Allemand
Producteur/porteur du projet
Ville de Grevenmacher

Contact
reception@grevenmacher.lu
(+352) 75 03 11-1
(Foto: Tom Schartz)
(Foto: Tom Schartz)
(Foto: Tom Schartz)
(Foto: Tom Schartz)