Gremlischter Bengelen

27 September 2023

Virféierung vun der Hirstellung vu Spadséierstief aus Louhstaangen Holz. En ale Gebrauch, dee mer erëm opliewe gelooss hunn. D’Grëmmlischter Bengele sinn e fréier weltbekanntent handwierklecht Produkt wat ëm 1900 vun engem Schéifer zu Gremlischt agefouert a bis nom Krich an Handaarbecht produzéiert gouf.

D’Gremlischter Bengele stinn an enkem Zesummenhang mat der aler Eislecker Traditioun vum Louhschläissen. Louhstaangen Holz ass en Eechen Holz dat fréier „geschlass“, dat heescht: geschielt, gouf, well d‘“Louh“, dat heescht: d’Schuel vum jonken Eechenholz, gebraucht ass ginn, fir de Pelz vun Déieren zu Lieder ze gierwen.

D’Holz fir d‘Bengele soll schéi riicht sinn, ouni Knuet. Stecker Holz vun engem Duerchmesser vun 10 bis 15 cm an enger Längt vun 1,20 Meter ginn erausgesicht fir zu engem Bengel verschafft ze ginn. Dem Reesbengel säin Handgrëff gëtt aus dem riichte Stéck Holz gebéit an dono op der Schneckbenck mam Schneckmesser verschafft. No 10 Stonnen Orbicht ass sou e Bengel fäerdeg. Jiddweree kann eis dobäi nokucke kommen.

Manifestation gratuite

Horaire
27 September 2023 // 9h00-17h00
Lieu
Maison 3, L-9654 Schleif (alen Atelier bei der fréierer Zuchstreck)
Type de projet
Visite guidée
Langue(s)
Luxembourgeois
Producteur/porteur du projet
Berscheid Romain, Oberwampach

Partenaire(s) du projet
Naturpark Öewersauer
Contact
romainberscheid@outlook.com
(+352) 691 99 48 34

Inscription
à notre newsletter

#heritageDays

Ne manquez rien du programme de la prochaine édition des Journées européennes du patrimoine !

Veuillez saisir votre adresse e-mail

    Oui ! Envoyez-moi la newsletter #HERITAGEDAYS. Je sais que je peux me désinscrire à tout moment et j’accepte que mes données soient traitées conformément à la politique de confidentialité de journeesdupatrimoine.lu.

    Abonnez-vous à notre newsletter