Méchelskierch um Fëschmaart

21 septembre 2019

D’Méchelskierch steet haut op där Plaz, wou 987 d’Buergkapell vun de Lëtzebuerger Grofe stoung. Am Laf vun der Zäit gouf d’Kierch ëmmer nees zerstéiert an erëm opgebaut. 1443 war den éischte Neesopbau vun der Kierch. Aus där Zäit stamen deelweis d’Rëppenarkaden. 1648 gouf den haitegen Tuerm gebaut. D’Ausgesi vun haut geet op d’Jore 1687/1688 zréck.

Duerch dat villerlee Ëmbaue sinn haut Elementer vu romanescher, gotescher a barocker Architektur dran ze fannen.

D’Kierch ass bekannt wéinst hirer aussergewéinlech gudder Akustik an hirer Westenfelder-Uergel an neierdengs och wéinst dem kirzlech restauréiertem Auerwierk.

10.00 Auer:  Visite guidée mam Här Alex Langini
11.30 Auer:  Présentatioun vum Auerwierk vum Här Georges Jungblut
14.00 Auer:  Visite guidée mam André Haagen
15.30 Auer:  Présentatioun vum Auerwierk vum Georges Jungblut
16.00 Auer:  Visite guidée mam André Haagen

Horaire
21 septembre 2019 à partir de 10h00
Lieu
Luxembourg, Marché-aux-Poissons
Producteur/porteur du projet
Comité Alstad
14, rue Sigefroi
2536 Luxembourg
Contact
Esch, Claude
comite.alstad@pt.lu
(+352) 46 61 88
www.comitealstad.lu
(c) Claude Esch/Comité Alstad
(c) Claude Esch/Comité Alstad