MeltingPot Pafendall, Gëschter an Haut – Eng reell a virtuell Rees duerch e Quartier

2 octobre 2021

Entdeckt den historësche Pafendaler Quartier an engem virtuellen Tour mat Roblox. (ROBLOX 1867 Historical Role Play – PC‘en stinn am Sall a Klang zur Verfügung, eegenen Handy an Tablet sinn awer vu Virdeel).

https://www.roblox.com/games/3030166262/1867-Historical-Role-Play

De Jender Stammet féiert bei enger Visite guidée duerch den Dall a gläichzäiteg kënnt der mat Hëllef vun Handy/Tablet den Dall am Joer 1867 entdecken fir haut a fréier mateneen ze vergläichen. Fir Ënnerstëtzung beim Spill suergt de Pit Vinandy.

Ennermoolt gëtt den Daag mat e puer klenge Concerten am Stil ‘Sang Mat’ vum Chouer Sang a Klang .

Op verschiddene Plazen, wéi z.B. Funiculaire, Lift, Vauban Tiirm, Äiskeller, Kierch, Muerbelsmillen, …   trieden kleng Ensemblen a Chéier op mat Lidder a Musek vum Laurent Menager.

Als besonnesch Attraktioun geef den Äiskeller, deen normalerweis dem Publique net zougängkech ass, besicht ginn.

Dernieft besteet d’Méiglechkeet fir Persounen, déi net kënnen oder wëllen physëch derbäi sinn, virtuell deelzehuelen, well d‘Spill kann vun egal wou an der Welt aus gespillt ginn.

Horaire
2 octobre 2021 10h00-19h00
Lieu
Sang a Klang Pafendall, Muerbelsmillen Pafendall et tout le quartier (Pfaffenthal)
Type de projet
Visites guidées, animation, jeu video
Langue(s)
Luxembourgeois
Producteur/porteur du projet
Sang a Klang a.s.b.l., 1867 a.s.b.l., Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff a.s.b.l.

Partenaire(s) du projet
Lëtzebuerg City Museum, Chorale St. Cécile Pafendall
Contact
info@sangaklang.lu
www.sangaklang.lu