Visite vum Péiteschhaus zu Uewerkäerjeng

25 septembre 2019

Besichtegong vum sougenannte Péitesschhaus, dat d’Gebuertshaus vum Michel Gloesener ass, engem dichtege Mathematiker, Physiker a Fuerscher dee vun 1792-1876 gelieft huet an international unerkannt war. Dëst Bauerenhaus aus dem 18. Jorhonnert gouf am Respekt vu sénger historescher Substanz restauréiert an dobäi awer och mat modernem Confort équipéiert.
Nieft de bannenzege Raumstrukturen goufe wichteg Elementer ewéi d‘Haascht an den Takeschaf, dee verwëllefte Keller, historesch Dunnen a Biedem erhalen. Do dernieft krut d’Haus awer nei Ausbauten ewéi z.B. eng Vergréisserong vun der Stuff a Form vun enger Zär, eng Bausseschwemm a –sauna an eng grouss Garage. Dobäi ass drop Uecht gedoe ginn, datt all nei Agrëff vu grousser konschthandwierklecher Qualitéit sinn an harmonesch mat de Finitiounen aus der aler Zäit kontrastéieren.

Inscription obligatoire !

Horaire
25 septembre 2019 18h00
Lieu
12, rue Jean-Pierre Origer L-4937 Hautcharage
Producteur/porteur du projet
Service des sites et monuments nationaux, De Schëfflenger Schräiner

Contact
SSMN
info@ssmn.public.lu
(+352) 247-86650 ou -86652
© Schëfflenger Schräiner
© Schëfflenger Schräiner